D'Proffegewerkschaft Féduse huet den Educatiounsminister dozou opgeruff, Verantwortung ze iwwerhuelen, éier et ze spéit ass.

Si kritiséieren, datt keng nei Mesuren an de Schoulen annoncéiert goufen. A ville Schoule wier der Gewerkschaft no kee gereegelte Cours op der Plaz méi méiglech: Vill Enseignanten a Schüler wieren a Quarantän an esou wier fir vill vun hinnen d'Schoul op Distanz nees Realitéit ginn. Aner Course géife ganz ausfalen, well Sport oder d'Beruffsausbildung net op Distanz gehale kéint ginn.

De Comité vun der Féduse fuerdert, datt d'Decisioune vun engem generellen Droe vun der Mask net méi an der Hand vun den eenzelen Direktiounen an de Lycéeë läit, mee datt de Minister déi Verantwortung iwwerhëlt an eng permanent Maskeflicht an de Säll decidéiert. Dëst a Kombinatioun mat reegelméissegem Lëfte géif awer net duergoen - gefuerdert ginn alternativ Modeller fir Schoul ze halen.

Engersäits fuerdert d'Féduse op den ieweschte Klassen nees op den Homeschooling zréckzegräifen, anerersäits denkt een hei och un d'A- a B-Wochen/Gruppen, déi bei der Reouverture vun de Schoulen agefouert gi sinn. "Fir de Besoine vun deenen ënnerschiddleche Klasse gerecht ze ginn, si flexibel an individuell Léisunge gefuerdert." Fir déi eng wier et méi einfach a méi sënnvoll, vun deem aus um Cours deelzehuelen. Och d'ACEN huet sech zu Wuert gemellt, liest hei hir Fuerderungen.

Liest hei de komplette Statement:

Här Minister: Stoppt d'Märchestonn! Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass! Trotz rasant klammenden...

Gepostet von Féduse/Enseignement-CGFP am Sonntag, 25. Oktober 2020