Lescht Woch huet de Regierungsrot nei Corona-Mesuren ausgeschafft, elo ass et un der Chamberskommissioun, un en Texter ze schaffen.

An der Chamber gëtt vun dësem Méindeg un iwwert u Modifikatioune vum Covidsgesetz geschafft. De Premier an d'Gesondheetsministesch hate jo leschte Freideg nei Moossnamen annoncéiert, de Gesetzesentworf gëtt e Méindeg an der Chamber deposéiert. An der Santéskommissioun fänken déi entspriechend Aarbechten e Méindeg géint 17 Auer un.

Eréischt duerno kënnen d'Texter gestëmmt ginn. Et rechent een, datt déi nei Mesuren am Laf vun der Woch gräife wäerten.

Ënnert anerem gouf eng Ausgangsspär vun 23 bis 6 Auer decidéiert, d'Unzuel u Leit, déi ee bei sech heem invitéiere kann oder pro Dësch a Restaurant a Café gëtt vun 10 op 4 erofgesat. Wéi d'Ministesch Paulette Lenert sot: "D'4 ass déi nei 10."

🆕 Soubal d'Gesetz gestëmmt ass, gëllen d'Mesuren am Laf vun nächster Woch. Et wieren awer elo scho Recommandatiounen.

Gepostet von Eldoradio am Freitag, 23. Oktober 2020