En Dënschdeg am Nomëtteg hat e Mann zu Diddeleng géint e Polizist rebelléiert a war immens aggressiv.

De Mann koum op den Diddelenger Policebüro an d'Beamte vun Ufank u provozéiert. Hie wier aggressiv gewiescht an hätt de Geck mat de Poliziste gemaach. Well de Mann sech net berouegt huet, nodeems en dozou opgefuerdert ginn ass well en am Waardesall ausgeflippt ass, gouf hien aus dem Gebai begleet.

Dat huet de Mann awer net dovunner ofgehalen, de Büro ze stiermen. Hien hat ugesat e Beamten unzegräifen, dat konnt awer mat Zäit evitéiert ginn. Hie gouf immobiliséiert an huet sech esou hefteg gewiert, datt Verstäerkung ugefuerdert huet misste ginn. Nodeems de Virfall protokolléiert gouf an de Mann sech berouegt hat, duerft hien de Policebüro verloossen.