Déi nei Mesuren trieden op den 30. Oktober a Kraaft.

D'Gesetz iwwer déi nei Coronamesurë gouf dësen Donneschdeg mat engem sougenannten "vote séparé" an der Chamber ugeholl. D'Piratepartei hat dës Prozedur ugefrot fir dass hir Deputéiert géint de Couvre-Feu awer fir déi aner Mesuren déi am Gesetz virgesinn sinn, stëmme kënnen.

De Couvre-Feu, deen am Artikel 3 vum neie Gesetz gereegelt ass, gouf deemno mat de Stëmme vun de Regierungsparteien ugeholl. D'CSV huet sech enthalen. Déi Lénk, d'ADR an d'Piraten hu géint dësen Artikel gestëmmt.

Dat ganzt Gesetz gouf deemno mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. Déi nei Mesurë si vun en Donneschdeg op e Freideg a Kraaft getrueden.

Wat gesinn déi nei Restriktioune vir?

  • Ausgangsspär vun 23 bis 6 Auer, Ausname sinn zum Beispill schaffe goen oder medezinesch Urgencen.
  • 4er-Reegel doheem, am Café a Restaurant.
  • Maskeflicht vu 4 Leit un, Mask- a Sëtzflicht vun 10 a bis 100 Persounen.
  • Rassemblementer vun iwwer 100 Leit verbueden, Ausname si Begriefnisser, Mäert a Muséeën.
  • An de Supermarchéen iwwer 400 Metercarrée gëllt eng Limitt vun engem Client op 10 Metercarré.
  • Am Sportberäich ass den Training just zu maximal 4 méiglech, Ausname si Schoulsport an iewescht Divisiounen.
  • De Minimum bei de Sanktioune gëtt vu 25 op 100 Euro eropgesat, ka maximal bis zu 500 Euro goen.

En Donneschdeg de Moie war d'Santéskommissioun nach eng Kéier zesumme komm, fir iwwert de Rapport ze kucken. Dëse gouf dann och esou an der Kommissioun ugeholl. Eigentlech hätt de Mëttwoch de Mëtten um 15 Auer an der Chamber iwwert dat neit Covidgesetz sollen ofgestëmmt ginn. De Vott gouf awer op en Donneschdeg verluecht, well de Rapport zum entspriechende Gesetzestext de Mëttwoch nach net fäerdeg war.

D'Deputéiert haten decidéiert de Vott iwwert d'Gesetz op en Donneschdeg de Mëtte 14 Auer ze verleeën. De Staatsrot hat bestëmmten Deeler vum neie Gesetz kritiséiert.  Fir Gesetzeslücken z'evitéieren an d'Kohärenz ze garantéieren, huet ee sech fir e Verréckelen decidéiert.