An de Briosche kéinte Spuere vu Glas enthale sinn.

D'Briosche vun der Marque "Brioche Pasquier" déi am Auchan verkaf goufe ginn zeréckgeruff. Dat huet d'Sécurité alimentaire de Mëttwoch de Mëtten an engem Communiqué matgedeelt. Vum Réckruff betraff sinn d'Produiten "Brioche tressée nature" a "Brioche tressée pépites de chocolat" an de 630-Gramm-Päck mat den Oflafdatume vum 12. November 2020, 13. November 2020, 15. November 2020 a vum 16. November 2020. An de betraffene Päck kéinte Spuere vu Glas enthale sinn. Dës kéinten zu ënnerleche Blessure féieren.

Et wier iwwerdeems net auszeschléissen, dass dës Brioschen och an anere Geschäfter ewéi am Auchan verkaf goufen.