Dëst Gesetz soll bis den 31. Dezember 2020 a Kraaft bleiwen.

De Mëttwoch de Mëtte gouf d'Gesetz iwwert d'Verlängerung vun den Aarbechtszäiten an der Chamber ugeholl. Dëst Gesetz erlaabt et, dass a verschiddene Secteure maximal 12 Stonnen den Dag, respektiv 60 Stonnen an der Woch dierf geschafft ginn. Esou zum Beispill an de Spideeler an an de Laboen. Dës aussergewéinlech Mesure soll bis den 31. Dezember vun dësem Joer gëllen.

D'Gesetz gouf mat de Stëmme vun de Regierungsparteien a vun der ADR an der Piratepartei ugeholl. D'CSV an déi Lénk hunn sech enthalen.