De President Emmanuel Macron huet e Mëttwochowend an enger Usproch op der Tëlee ugekënnegt, datt Frankräich nees an de Lockdown geet.

Vun e Freideg u gëllen nei Moossnamen. Net-essentiell Geschäfter mussen zoumaachen, dat gëllt och fir Caféen. Restauranten dierfe just nach Plate fir matzehuelen offréieren. Et dierf een akafen, enger anerer Persoun hëllefen oder bei den Dokter goen, Altersheemer, Schoulen a Crèchë bleiwe weider op, d'Uniscoursë ginn online gehalen.

Schonn am Virfeld hat de Premier Castex confirméiert, datt nei Mesurë kommen, well d'Situatioun a Frankräich sech immens verschlechtert huet. En Donneschdeg sollen et op enger Pressekonferenz weider Detailer ginn.

Zil wier et d'Zuel vun aktuell knapp 40.000 Neiinfektiounen den Dag op 5.000 erofzekréien, sou de Macron.