Op enger Pressekonferenz goufen et en Donneschdeg Detailer, wéi d'Anhale vum neie Covidsgesetz vun der Police kontrolléiert wäert ginn.

Zesumme mam Policeminister Henri Kox, dem Generaldirekter vun der Police Grand-Ducale Philippe Schrantz an dem Zentraldirekter vun der Police Pascal Peters ass een op d'Statistiken agaangen an et huet een d'Konzept vun de Kontrollen virgestallt. D'Pressekonferenz war um 15 Auer 45. Eigentlech war se fir en Donneschdeg de Moien 9 Auer ugesat, ma well de Vott vum neie Covidsgesetz verréckelt gouf, huet och dës Pressekonferenz verluecht misste ginn.

Resumé vun der Pressekonferenz:

Et wier him als Policeminister, wéi och der Police selwer, onangeneem elo ee "Couvre Feu" mussen duerch ze zéien an ze kontrolléieren. Well d'Verbuet zu gewësse Stonnen ze zirkuléieren ass ee staarken Aschnëtt an d'Fräiheet. Dees wier ee sech bewosst.

Leider huet d'Police och ëfters a Caféen, Baren, Restauranten, ma och bei Leit doheem missen intervenéieren. Dëst well sech op dëse Plazen och net un d'Covidgesetzer gehalen hunn. D'Gesetz trëtt vun en Donneschdeg op e Freideg a Kraaft, vun e Freideg un wäert d'Police och d'Kontrolle vum Couvre Feu ugoen. Mat dëse Messagen huet de Police-Minister Henri Kox d'Pressekonferenz um Donneschden Nomëtten opgemaach.

Den  Zentraldirekter vun der Police, de Pascal Peters, huet Detailer zu deene vergaangene Kontrolle gemaach:
Esou goufen et 13'000 Kontrolle vu Mëtt Mäerz bis den 28. Oktober nach mat. Dëst ware präventiv Kontrollen a goufe vun deene verschiddenen Divisiounen an der Police ausgefouert. D'Natur vun de Kontrollen huet natierlech och ëmmer nees mat den ugepasste Gesetzer evoluéiert. Donieft krut d'Police och am Kader vun der Pandemie an den neie Gesetzer eng 5'000 Appeller vu Privatleit. Dat waren deels Informatioune vun illegale Rassemblementer oder och Berichter vu Kaméidi beim Noper, bei deenen d'Maximalzuel u Gäscht iwwerschratt gouf. Dës Kontrolle si vun den uniforméierte Beamten, mee och de speziellen Divisiounen gemaach ginn.

Am Ganze goufen eng 300 Protokoller geschriwwen. Bei den Avertissement Taxés waren et der ongeféier 2'800.

De Police-Direkter Philippe Schrantz, huet erkläert, wéi d'Aarbecht vun der Police sech elo duerch d'Verännerung vum Covidgesetz, mat ännere wäert.

D'Kontrolle vun der nächster Phas kënnen an 3 gréisser Beräicher ënnerdeelt ginn:

  1. Kontroll vu Caféen a Restauranten
  2. Déi sanitär Mesure bei Rassemblementer, Supermarchéen an Events
  3. Couvre Feu.
Kontrolle Caféen a Restauranten: Bei de Betriiber am Horeca wëll ee virun allem kucken, ob sech un d'Ofstänn, de Port vum Masque oder och d'Limitatioun vun de Gäscht gehale ginn. Donieft gëtt weider gekuckt, ob sech un d'Auerzäite gehale ginn, wéi laang de Restaurant oder Café dierf op sinn.

Respekt vun de Mesures Sanitaires bei Rassemblementer: Bei de grousse Supermarchéen, Events oder soss all Form vu gréissere Rassemblementer, wéi och an de Betriber gëllen nei Mesuren. Do wäert d'Police och weider kontrolléieren, ob sech op deene verschiddene Plazen un d'Mesure gehale gëtt.

Respekt vum Couvre Feu: Fir besser Kontrollen, sollen d'Leit een Dokument presentéieren, dat si berechtegt ënnerwee ze sinn. Am léifste wier et engem natierlech, wann een déi ganz Zäit vum Couvre Feu keen Avertissement Taxé oder Protokoll verfaasse misst. D'Verkéiersunitéiten, ma och d'Nuetspatrullen sollen ee Maximum um Terrain zirkuléieren a sécherstellen, dass sech un de Couvre Feu gehale gëtt.

Hei geet et bei de Video: