D'Police huet d'lescht Woch landeswäit all Dag ronn 33 Corona-Kontrolle gemaach. Et gouf gekuckt, ob een sech un d'Spärstonn an un d'Ausgangsspär hält.

15 mol hunn d'Beamte vun der Police Verstéiss festgehalen, wéinst deenen ee Rapport oder Protokoll geschriwwe gouf. Dat well sech Geschäfter oder Betriber aus dem Horesca-Beräich net un d’Hygiènesmesuren, oder un d’Fermetureszäite gehalen haten. Donieft huet d'Police bei hire Kontrolle ronn 180 Avertissement Taxés misse schreiwen. Dëst well Persounen no 11 Auer Owes ënnerwee waren, ouni ee valabele Grond virweisen ze kënnen.

D'Police huet op hirem Internetsite och nach eemol festgehalen, wéi eng Zort vu Kontrollen am Kader vum neie Covid-Gesetz duerchgefouert ginn.