Zu London ass ee Mann e Mëttwoch den Owend mat sengem Auto an ee Policebüro gerannt an huet duerno eng Flëssegkeet op d'Fuerbunn geschott a Feier geluecht.

Zu London gouf ee Mann festgeholl, deen e Mëttwoch den Owend mat engem Auto an ee Policebüro gefuer. Den Autoritéiten no gëtt de Won vun Experten ënnersicht.

Am Internet gesäit een op Videoen wéi d’Fuerbunn brennt. De Chauffer ass nom Opprall erausgeklommen, huet eng Flëssegkeet op d’Strooss geschott an duerno ugefaangen. D’Hannergrënn sinn nach onkloer.