De Bundeskanzler Sebastian Kurz huet Mesure verschäerft. D´Ausgangsspär gëllt fir de ganzen Dag an d´Gastronomie muss zoumaachen.

De Lockdown an Éisträich ass e Samschdeg verschäerft ginn. Géint 16.30 Auer huet d’Corona-Kommissioun vun der Regierung nei Mesuren matgedeelt. De Bundeskanzler huet en zweete Lockdown ugekënnegt.

Éisträich zielt 7.000 Neiinfektioune pro Dag am Duerchschnëtt. Dat mécht eng 7-Deeg-Inzidenz vu 550. Zil hei wier 50, sou de Kurz weider. Grousse Problem wier datt mëttlerweil 77% vun den Infektiounen net méi zréckverfollegt kenne ginn. Ustiechunge ginn et an all Beräich, och an de Schoulen heescht et vum Bundeskanzler a senger Usproch. Et muss lo reagéiert gi fir d´Intensivstatiounen net ze iwwerlaaschten. Zënter dem 3. November gëllt an Éisträich e partielle Lockdown. Tourismus, Gastronomie, Kulturbetriber a Fräizäitparke sinn zum gréissten Deel zou. Tëscht 20 a 6 Auer gëllt eng Ausgangsspär.

Den zweete Lockdown geet vun en Dënschdeg bis Sonndes de 7. Dezember, zwou an eng hallef Woch. Dëse Lockdown soll sou si wéi am Fréijoer. Restauranten a Bistroe mussen hier Dieren zoumaachen. Donieft och normal Butteker an och Coiffeur- a Kosmetikbutteker. Opbleiwe wäerte Supermarchéen, Banken, Apdikten an d´Post.

D´Schoule fueren nees iwwer den Home- an Distance-Schooling. Weiderhi soll iwwerall do Home-Office gemaach ginn wou et méiglech ass. D´Ausgangsspär gëllt fir de ganzen Dag. D´Haus verloossen ass fir d´Schaffen, Akafe vu Liewensmëttel, Fleege vun ale Léit a fir de Sport, wéi wanderen oder joggen, erlaabt.

All Kontakt soll vermidde ginn. Wann en eleng wunnt, soll en eng Persoun raussiche mat dem en am Lockdown a Kontakt bleift.

Et wier en haarde mee de richtege Schratt fir des Kris zesummen duerchzestoen, sou de Bundeskanzler Kurz.