De Regierungsrot huet nei Mesuren an engem Gesetzesprojet festgehalen. Et wëll een awer kucke wéi d'Situatioun evoluéiert.

E Mëttwoch de Moien war d’Regierung fir een ausseruerdentleche Regierungsrot beienee komm. Gekuckt gouf iwwert déi aktuell Corona-Situatioun hei zu Lëtzebuerg. Duerno hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert d'Press informéiert.

Deemno kéinten nei Mesure kommen. D'Regierung géif sech nach des Woch ginn, fir ze kucke wéi d'Situatioun evoluéiert, esou de Premier. Präventiv gouf awer well ee Gesetzesprojet ausgeschafft an am Regierungsrot ugeholl. Dëse géif elo awer nach net gestëmmt ginn, et géif een sech nach bis Enn der Woch Zäit ginn, a kucken wéi sech d'Situatioun weider entwéckelt. Wann d'Tendenz net erof geet, da géing dem Premier no keen anere Choix bleiwen, wéi iwwert den Text an der Chamber ofzestëmmen.

Wéi gesinn déi eventuell nei Mesuren aus?

- Horeca: Caféen a Restaurante missten nees zoumaachen, Take-Away soll awer weider méiglech sinn

- Kultur: dat selwecht gëllt fir aner Events an zouene Raim viru Public. Dat wier zum Beispill fir Theateren a Kinoen de Fall

- Sport: Sport dierft nach zu 4 dobausse gemaach ginn. All Zort vu Sport dan zouene Raim, wéi z.B. Schwemmen, Fitness-Centeren oder Sportshalen géif verbuede ginn. Dovun ausgeholl ass awer weiderhinn d' "Sport d'élite"

- Doheem: nëmmen nach zwee Invitéeën. Dës 2 Persoune missten och aus dem nämmlechte Stot sinn

- Couvre Feu géif och verlängert ginn bis op de 15. Dezember

Wéi gëtt decidéiert ob nei Mesuren néideg sinn, oder net?

D'Regierung gëtt sech een Delai bis Enn der Woch. Wann d'Zuele vun den Neiinfektiounen bis e Méindeg ënnert 500 pro Dag leien, misste keng nei Mesure getraff ginn.

Wéi ass d'Situatioun an de Spideeler?

An deene leschte Woche sinn 39 Persounen un de Suitte vum Virus gestuerwen. De Gros vun dëse Stierffäll war bei enger Alterstranche vun iwwer 80 Joer, esou d'Gesondheetsministesch Lenert. Verschidde vun dëse Stierffäll haten awer och nach aner Erkrankungen. Do wier et och deels net kloer, ob dës Persounen duerch de Covid-19 oder hire Virerkrankunge verscheet wieren. Weiderhi si virun allem vulnerabel Persounen am Risiko. Dozou gehéiere virun allem Leit an engem Alter iwwer 75 Joer. Aschätzunge vum Gesondheetsministère no riskéiere 17% vun dëser Bevëlkerungs-Tranche a Soins Intensif ze goen, falls se um Virus erkranken.

D'Situatioun an de Spideeler ass de Moment nach ze geréieren. Besonnesch am direkte Verglach mat eise Nopeschlänner, notamment der Belsch sinn eis Spideeler nach net un hire Limitten. D'Personal an de Spideeler ass op engem Maximum opgestallt. Dëst bedeit awer, dass d'Limitten vun eisem Gesondheetssecteur sech elo kloer weisen. Et wier net méi vill Sputt do, esou d'Gesondheetsministesch.

Neie Centre de consultatioun Covid-19 zu Esch

D'Gesondheetsministesch huet matgedeelt, dass e Mëttwoch ee weidere Covid-19 Consultatiouns-Zenter zu Esch an der Rue Jos Kieffer opgeet. Hei kënne Leit mat Symptomer dohinner goen, och kann ee sech hei op der Plaz teste loossen. Den Zenter ass all Dag tëscht 10-17h00 op.

Hei kënnt dir d'Pressekonferenz nach eemol ganz kucken: