24 Klassen aus der Grondschoul zu Steesel goufen a Quarantän gesat, souwuel aus organisatoreschen, wéi och aus präventive Grënn.

Zu Steesel goufen elo 24 Klassen aus der Grondschoul a Corona-Quarantän gesat. Dat souwuel aus organisatoreschen, wéi och aus präventive Grënn. Dat deelt den Educatiounsministère an engem Communiqué mat. Deemno wieren alleguerten d'Klasse vun de Cyclen 1, 3 a 4 concernéiert.

D'Quarantän gouf decidéiert nodeems 10 positiv Coronafäll ënnert den 3 Cyclen entdeckt goufen. Et handelt sech ëm 8 Erwuessener an 2 Kanner. 3 Enseignanten an ee Schüler vum Cycle 1, een Enseignant vum Cycle 3, 4 Enseignanten an ee Schüler vum Cycle 4 goufe positiv getest.

Eng genee Analys iwwert d'Situatioun wier amgaange gemaach ze ginn, heescht et weider. Et wier elo nach ze fréi genee ze soen, wou d'Source vun den Infektioune läit.

Liest hei de ganze Communiqué:

Mises en quarantaine à l’école fondamentale de Steinsel (18.11.2020)
Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse 

24 classes de l’école fondamentale de Steinsel viennent d’être mises en quarantaine, aussi bien pour des raisons organisationnelles que par mesure de précaution. Toutes les classes des cycle 1, 3 et 4 sont concernées.
La mise en quarantaine a été décidée suite à la détection de 10 cas positifs parmi les 3 cycles d’apprentissage concernés, dont 8 adultes et 2 élèves. 

Une analyse détaillée de la situation est en cours. Il est encore trop tôt pour se prononcer sur la source des infections. Le fait est que plusieurs des adultes testés positifs ont aussi eu des contacts entre eux en dehors de l’école. L’analyse en cours devra donner des détails sur une possible transmission du virus au sein de l’école.