Duerch d'Corona Pandemie war et dëst Joer kuerz virun der Chrëschtzäit ee liicht aneren Ausbléck op d'Aktivitéiten an der Stad.

Kee Chrëschtmaart dee preparéiert gëtt, an och aner kulturell Evenementer hänken aktuell um seidene Fuedem. Ma awer gëtt et och déi nächst Zäit net ganz roueg an der Stad. Esou ginn e Freiden um 17h d'Beliichtunge fir d'Wanterzäit symbolesch ugemaach. Am Ganze sinn duerch d’Stad ronn 707'000 Liichtercher verdeelt.

Da goufen och déi verkafsoppe Sonndeger fir d'Wantersaison annoncéiert:

Den 22. An 29. November wéi och de 6. 13. An 20 Dezember 2020 wäerten an der Stad d’Geschäfter op hunn.  Dat all Kéiers tëscht 14h an 18h. Op cityshopping.lu fannt der dee geneeën Detail wéi eng Geschäfter matmaachen. Bis elo dierft sech dorun näischt änneren, ausser natierlech wann d’Regierung aner Mesuren decidéiert am Kader vun der Lutte géint de Coronavirus.
Donieft huet d’Stater Gemeng awer och dorop opmierksam gemaach, dass d’Leit wa se an d’Stad akafe kommen hire Mask sollen dobäi hunn. Besonnesch op Deeg wou méi Leit ënnerwee sinn, ass et net ëmmer méiglech déi physesch Distanz vun 2 Meter anzehalen.

D’Leit déi an d’Stad komme si gebiede vun de sëllege Park and Rides ronderëm d’Stad ze profitéieren. Donieft mécht de Stater Schäfferot dorop opmierksam, dass de Parking Schuman (beim Groussen Theater) Samsdes a Sonndes gratis ass.

Da gëtt och den Internetsite cityshopping.lu ganz nei gemaach, fir méi attraktiv ze ginn an och besser op d’Besoinen vun de Leit anzegoen. Do sollen d’Commerçanten aus de Stad d’Méiglechkeet kréien op dësem Site vun der Stad eng „digital Vitrine“ ze kréien.

D’Stater Gemeng huet sech och scho Gedanke gemaach, wou een en Zentrum kéint ariichte fir d’Bevëlkerung vun der Stad ze impfe. Wann da bis een Impfstoff do ass. Wou genee dësen Zentrum geplangt ass, gouf awer nach net matgedeelt. Et wéilt een einfach scho preparéiert sinn op dësen Zenario.

Wanteraktioun:

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet präziséiert, dass keen muss dobausse schlofen, et wiere genuch Plazen do. Ma et kéint een an et wéilt een och keen dozou zwéngen.
De Maurice Bauer huet da gemengt, dass dës Populatioun grad elo souwuel physesch an och psychesch eng schwéier Zäit huet. Un der Wanteraktioun bedeelege sech d'Croix Rouge, d'Caritas oder och Inter-Actions.

Aktuell schaffe 17 Persounen am Déngscht vun der Stad Lëtzebuerg als Streetworker. Dës hunn als Aufgab Leit op divers Aart a Weisen ze hëllefen. Dat ka mat administrativen Démarche sinn, a se op verschidde Servicer opmierksam maachen. Esou bidden ëmmer nees Coifferen hir Fäegkeeten un fir gratis d'Hoer ze schneiden, oder och d'Brëllenaktioun, bei der Leit op der Strooss ee Brëll kënne kréien. Donieft sinn d'Streetworker och eng wichteg moralesch Ënnerstëtzung fir d'Leit dobaussen.

Wann der eng Persoun ouni fixt Doheem kennt, an dëst de Streetworker vun der Stad wëll matdeelen oder froe wéi een hëllefe kann, ass dëst per Mail an och Telefon méiglech:

streetwork@vdl.lu

(+352) 26 48 17 18

Rapport d’activité 2019 vum Service d’hygiène:

379 Persoune schaffen an dësem Service, dovu si 17% Fraen. Et wieren einfach manner Fraen déi sech melle fir des Plazen, ma et heescht awer net, dass et dowéinst ee Männerdomaine ass. De Beruff ass op fir jiddereen, esou de Patrick Goldschmitt.

37'000 Tonnen Dreck gëtt d'Stad Lëtzebuerg all Joer beim SIDOR of. Ma obwuel d’Populatioun weider klëmmt, géifen awer d’Tonnen vu Reschtoffall net klammen, ma souguer e bëssen erof goen. Op d'Awunnerzuel gerechent géife ronn 533 Kilo Dreck pro Awunner vun der Stad. Mee do ass och den Dreck vun deene Leit mat agerechent déi all Dag an d’Stad kommen.

Aktuell sinn an dësem 135 Gefierer aktiv. Am Gemengerot war och d'Fro opgeworf ginn, op een net op elektresch Gefierer wéilt ëmklammen. Aktuell sinn déi Gefierer déi bis elo um Marché sinn awer net deene Besoine ugepasst déi deene vun der Stad entspriechen.