Nodeems d’Boeing-Fligere vum Typ 737 Max zënter Mäerz 2019 net méi fléien duerften, ass de Verbuet e Mëttwoch opgehuewe ginn.

US Fluch-Autoritéiten hunn de Fluchverbuet géint d’Fligere vum Modell Boeing 737 Max opgehuewen. Et gouf awer ënnerstrach dass nei Ausbildungsprogrammer fir d’Piloten fir d'éischt mussen autoriséiert ginn. No zwee schroen Accidenter gouf de Fluchverbuet géint d’Maschinn am Mäerz 2019 ausgestallt. Bei deenen Accidenter an Indonesien an Ethiopie sinn am ganzen 346 Persounen ëm d'Liewe komm. Ënner anerem huet Boeing d'Software vum Stabiliséierungssystem iwwerschafft.