Nodeems den Donneschdeg de Moien zu Wuermer e Bankomat gesprengt gouf, sicht d'Police elo no Zeien.

Zu Wuermer gouf an der Nuecht op en Donneschdeg géint 5 Auer an der Rue Principale ee Bankomat vun der Raiffeisen Bank aus enger Hausmauer gesprengt. Dat hunn eis Eldo-Nolauschterer eragemellt, an dat huet d'Police méi spéit och confirméiert. Um Gebai ass vill Schued entstanen. Blesséiert gouf keen. D'Spueresécherung vun der Police war op der Plaz. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet. D'Täter konnte flüchten.

En Donneschdeg de Metten huet d'Police am Zesummenhang mat dëser Dot dann och en Zeienopruff lancéiert. Jiddereen, deen zum Zäitpunkt vun der Dot an der Géigend vum Bankomat war an eppes Verdächteges gesinn huet, sief et verdächteg Persounen, Gefierer oder soss verdächteg Aktivitéiten,  ass gebieden dës Informatioun un den 113 weiderzeleeden.

© ELDO Mobile Reporter