Mat engem Videomessage wëll d'Police vu Wien weisen, dass hir Stad keng Plaz fir Terror ass.

Ënnert dem Motto "Wien kein Platz für Terror, aber ein Platz für mich", also "Wien keng Plaz fir Terror awer eng Plaz fir mech" huet d'Direktioun vun der Wiener Police e Videomessage op Facebook verëffentlecht.

Am Video, deen den Affer vun der Terrorattack vum 2. November vun dësem Joer gedenke soll, soen eng Partie Mënschen déi aus ënnerschiddleche Länner kommen, dass Wien eng Plaz fir si ass. Den Ufank mécht dobäi den éisträichesche Futtballnationalspiller David Alaba, deen dobäi och nach eng Kéier kloerstellt, dass Wien keng Plaz fir Terror ass. Zum Schluss vum Video gëtt dëse Message dann och nach eng Kéier vun engem Wiener Polizist widderholl.

5 Stonnen, nodeems de Video en Donneschdeg op Facebook gesat gouf, gouf dëse schonn iwwer 960 mol gedeelt.