Nieft grousse Quantitéite vun Drogen a Sue goufen och 17 Autoen an 3 Immobilië séchergestallt.

Der Lëtzebuerger Police ass e wichtege Coup géint den illegalen Drogenhandel hei am Land gelongen. Dat huet de Parquet an engem Communiqué matgedeelt. Wéi et heescht goufe 15 Persoune festgeholl. Si kréie virgeworf zu enger krimineller Organisatioun, déi op den Handel mat Droge spezialiséiert war, gehéiert ze hunn. De Festname waren ëmfangräich Ermëttlunge virausgaangen. Dës Ermëttlungen, déi bal 18 Méint gedauert hunn, ware vum Parquet opgeholl an duerno vun engem Untersuchungsriichter weidergefouert ginn. Esouwuel d'Eenheet fir Drogenhandel ewéi och d'Eenheet fir Geldwäsch vun der Police Judiciaire waren un den Ermëttlunge bedeelegt.

© Police

© Police

Wéi et weider am Communiqué heescht, wieren nieft de Cheffe vun der Band och déi Persounen, déi sech ëm d'Wäisswäsche vun de Sue gekëmmert hunn, beim Coup géint d'Drogeband festgeholl ginn.

© Police

© Police

Bei de Festnamen ass et iwwerdeems och zu enger Patie Perquisitioune komm. Sou goufen nieft 6 Kilogramm Cannabis, 5 Kilogramm Haschisch an 3 Kilogramm Kokain och 80.000 € Boergeld séchergestallt. Iwwerdeems goufe 17 Autoe mat engem Wäert vun am Ganze 650.000 € confisquéiert. Dorënner och Luxusautoe vu Ferrari a Mercedes Benz. Schliisslech hunn d'Beamten och 2 Haiser an 1 Appartement saiséiert. Am Kader vun de Festname goufen och e puer Honnertdausend € déi op de Konte vun de verhafte Persoune ware séchergestallt.