An de Spideeler gëtt et iwwerdeems keen allgemenge Stopp vun den Interventiounen.

Virop huet de Xavier Bettel d'Zuel vun den Neiinfektioune mam Coronavirus bekannt ginn. Bannent de leschte 24 Stonnen hunn sech deemno 519 Residente mam Coronavirus infizéiert. Dat bei 11.782 Tester déi gemaach goufen. Domadder ware ronn 4,4 % vun den Tester positiv. Dem Xavier Bettel no wier dëst eng Baisse iwwert déi een sech freeë kéint. Allerdéngs géif d'Zuel vun den Neiinfektiounen op déi lescht Woch gekuckt an der Moyenne héich bleiwen. Dat selwecht géif ee bei den Hospitalisatioune beobachten. Och hei wieren d'Zuele stabil op engem héijen Niveau bleiwen.

Esouwuel bei den Neiinfektiounen ewéi och bei den Hospitalisatioune géif et deemno keng signifikant Hausse vun den Zuele ginn. Allerdéngs géif et och keng Baisse vun dësen Zuele ginn. Esou eng Baisse wier awer néideg, fir dass een d'Situatioun weider antizipéieren an de Gesondheetssystem mëttel- a laangfristeg entlaaschte kéint. E Méindeg de Moie wëllen de Staatsminister an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dowéinst dann och eng Demande fir eng Reunioun mat der Conférence des Présidents vun der Chamber maachen. Bei dëser Reunioun soll eng Evaluatioun vun der aktueller Situatioun gemaach ginn. Ofhängeg vun dëser Evaluatioun wëllen d'Ministeren der Conférence dann en Zäitpunkt virschloen op dem de Gesetzestext mat den Neie Corona-Mesuren an der Chamber soll gestëmmt ginn. Duerno soll dann e weidere Pressebriefing sinn.

Keen allgemenge Stopp vun den Interventiounen an de Spideeler

An de Spideeler sinn den Ament iwwerdeems 41 vun am Ganzen 100 Intensivbetter mat Covid-19-Patiente beluecht. Vun dëse sinn den Ament allerdéngs just en Deel op eng kënstlech Beootmung ugewisen. Dëst bedeit net, dass déi aner 59 Better den Ament fräi wieren. Et sollt een dem Xavier Bettel no net vergiessen, dass et och Patienten ouni Covid-19 géife ginn, déi eng Behandlung op enger Intensivstatioun brauche géifen. Dowéinst wier et dann och net méiglech alleguerten d'Intensivbetter mat Patienten déi de Coronavirus hunn ze beleeën.

Weiderhin huet de Staatsminister wësse gedoen, dass den Ament nach alleguerten déi Interventiounen déi néideg sinn, wéi geplangt duerchgefouert ginn. Dat géif selbstverständlech och fir d'Urgencë gëllen. Allerdéngs wiere schonn eenzel Interventiounen oder Analyse verréckelt ginn. Dës Entscheedung géif awer vun all Spidol a fir all Patient eenzel geholl ginn. Et géif deemno keen allgemenge Stopp vun den Interventiounen an de Spideeler ginn.

Erhéijung vum Mindestloun wier e wichtegt Signal 

Am Regierungsrot vun e Freideg gouf iwwerdeems decidéiert de Mindestloun fir den éischte Januar 2021 ëm 2,8 % ze erhéijen. Dëst fir de Mindestloun un d'Entwécklung vun de Salairen unzepassen, ewéi dat an dem entspriechende Gesetz virgesinn ass. Allerdéngs, géif eng Hausse vum Mindestloun, dem Xavier Bettel no, an der aktueller Situatioun och e wichtegt Signal sinn. Et géif een domadder weisen, dass een déi schwächst Membere vun der Gesellschaft net lenks leie géif loossen an dass de Sozialstaat och an der Kris funktionéiere géif. Et géif een awer wëssen, dass zemools déi Betriber déi am schwéierste vun der aktueller Kris getraff sinn, duerch des Hausse duebel belaascht géife ginn. E Projet de Loi gesäit dowéinst eng Kompensatioun fir des Betriber fir.

Éischt Dosissen vun der Impfung eventuell Mëtt Dezember

Beim europäesche Sommet vum Donneschdeg gouf iwwerdeems iwwert eng gemeinsam europäesch Strategie fir d'Coronavirus-Schnelltester an d'Impfungen diskutéiert. Bei béide Sujete wier dem Staatsminister no eng gemeinsam europäesch Ofstëmmung wichteg. Am Fall vun den Tester wier virun allem déi géigesäiteg Unerkennung vun de Resultater wichteg. Bei den Impfunge misst een sech iwwert Zouloossungen an d'Uwendungen eens ginn. De Xavier Bettel bewäert et als positiivt Signal, dass et um Sommet vun en Donneschdeg en breet Zoustëmmung fir eng gemeinsam Approche bei dësen Theme gouf.

Besonnesch d'Impfunge géifen dem Staatsminister no eng Schlësselroll bei der Bekämpfung vum Virus spillen. Warscheinlech kéint een déi aktuell Situatioun just mat der Immuniséierung vun der Bevëlkerung duerch eng Impfung hannert sech bréngen. Hei huet een sech als Europäesch Unioun dozou entscheet d'Impfungen zesummen ze bestellen. Hei wier et wichteg, dass och déi Impfunge bestallt géife ginn, bei deenen een hisiichtlech de sanitäre Standarde Garantië géif kréien. Wann dat net de Fall wier, géif een et dem Premierminister no riskéieren, dass d'Bierger d'Vertrauen an d'Impfunge verléiere kéinten. Dat wier dem Xavier Bëttel no an der aktueller Situatioun fatal. Et misst een deemno d'Bierger dovunner iwwerzeegen sech impfen ze loossen. Och hei misst ee mat den europäesche Partner zesummeschaffen, fir d'Bevëlkerung esou gutt ewéi méiglech iwwert d'Impfungen ze informéieren. Dofir misst een och op d'Ängschten an d'Suerge vun de Mënschen agoen an hinnen dobäi hëllefen dës ze iwwerkommen.

Déi éischt 45.000 Dosisse vun der Impfung kéinten da Mëtt Dezember zu Lëtzebuerg ukommen. Wann d'Impfunge bis do si, stellt sech och d'Fro wien soll als éischt geimpft ginn. Och hei schafft déi europäesch Kommissioun Proposen aus. D'Lëtzebuerger Regierung huet iwwerdeems den nationalen Ethikrot domadder beoptraagt Proposen zu dëser Fro auszeschaffen. D'Prioritéit beim Zougang zu den Impfunge wier nämlech och eng ethesch Fro.