Wann nei Corona-Mesure kommen, da gi wuel di Iewescht Lycées-Klassen an den Home-Schooling geschéckt.

Déi Iewescht Klassen an de Lycéeë wäerte wuel vun Enn des Mounts un, nees am Home-Schooling sinn. Dat sot en Donneschdeg den Educatiounsminister Claude Meisch an der Emissioun „Kloertext“ op RTL. Dat am Fall wou d’nächst Woch nei Corona-Mesure geholl musse ginn. D’Schoule wieren dorobber virbereet, fir dat ëmzesetzen, esou de Meisch.

Iwwerdeems héiert een ëmmer méi vu Schoulklassen déi an den Home-Schooling goe mussen.

Eisen Informatiounen no ginn et an der Primärschoul Kuebebongert zu Nidderfeelen e puer positiv Coronafäll. Dofir si verschidde Klasse vun dësem Freideg un bis op d'mannst e Mëttwoch am Home-Schooling.