Déi zwee Impfstoffer géint de Coronavirus vu Biontech/Pfizer a Moderna kéinten nach am Dezember an Europa zougelooss ginn.

Nach dëst Joer, méiglecherweis Mëtt Dezember, kéinten an Europa déi zwee Corona-Impfstoffer vu Biontech/Pfizer a Moderna zougelooss ginn.

Dat sot en Donneschdeg d’EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen beim Video-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen. Di däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet vun Enn Dezember, Ufank Januar geschwat.

Biontech a Pfizer hate matgedeelt, dass hiren Impfstoff mat 95 Prozent géint de Virus schützt. Moderna schwätzt bei sengem Impfstoff vun enger 94,5 Prozent-Quot.