Zu Ettelbréck war ee Chauffer mat sengem Auto op eng Verkéiersinsel gefuer, wou en dunn nach géint e Bam gerannt ass. Den Alkoholtest war positiv.

Zu Ettelbréck huet en Donneschdeg den Owend géint 20h40 een Automobilist an der Rue Deich d'Kontroll iwwert säi Won verluer. Hien ass an ee Rondpoint op d'Verkéiersinsel gefuer, wou en nach an e Bam gerannt ass. De Chauffer, dee liicht blesséiert gouf, koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an et gouf ee Protokoll.