Am Verglach mam September war et eng Hausse vu 96 Persounen. Am Verglach mam Oktober zejoert souguer eng vun 2935.

Ewéi d'ADEM an engem Communiqué matgedeelt huet, waren Enn Oktober 19.971 Persounen hei zu Lëtzebuerg op der Sich no enger Aarbecht. Am Verglach mam September war et eng liicht Hausse vu 96 Persounen déi eng Aarbecht gesicht hunn. Am Verglach mam Oktober 2019 war et eng Hausse vun 2935 Persounen oder bal 20 %. 2712 Persounen haten sech am Oktober bei der ADEM ageschriwwen. Dëst sinn der 324 manner ewéi am Oktober zejoert. D'Hausse vum Chômagetaux léisst sech der ADEM no deemno doduerch erklären, dass manner Leit vermëttelt goufen ewéi zejoert.