Den Donald Trump wäert ab dem 2. Januar net méi vu senge presidentielle Privileegien op Twitter profitéiere kënne wann de Joe Biden vereedegt gëtt.

Twitter wäert d'presidentiell Kontroll @POTUS un de Joe Biden um Dag vu senger Vereedegung iwwerginn, och wann den aktuelle President Donald Trump seng Néierlag sech net wëll agestoen, esou amerikanesch Medien.

De soziale Reseau preparéiert momentan d'Transitioun vu Konte vum Wäissen Haus fir den 20. Januar nächst Joer, esou den Nick Pacilio vun Twitter.

D'Prozedur gëtt an Zesummenaarbecht mat den "National Archives" gemaach sou wéi schonn am Joer 2017. Deemno ginn d'Konten @POTUS, @FLOTUS an @VP souwéi aner offiziell Konten archivéiert fir spéiderhin op Null zeréckgesat ze ginn.

Den Donald Trump huet awer eng Exceptioun a benotzt säi perséinleche Kont @realDonaldTrump amplaz vum offizielle Presidentekont.