Wéi däitsch Medie mellen, ass ee Wollef bei Bitburg an Däitschland nogewise ginn. D'Déier hat sech virdrun am Mee am Raum Südhessen opgehalen.

Net wäit iwwert der däitscher Grenz, méi genee bei Bitburg konnt um 8. November ee Wollef nogewise ginn.
Wéi däitsch Medie mellen, gouf d'Déier op der B51 bei Bitburg iwwerrannt. Et handelt sech hei ëm ee Wollef aus dem Alpenraum deen och schonn am Mee dëst Joer a Südhessen nogewise gouf.

Et ass bis ewell den 2. Wollef deen an der Eifel nogewise gouf.