Mikroplastik gouf schonn an eise Mierer nogewisen. Ma Fuerscher hunn am Joer 2019 Mikroplastik a Quelle vum Mount Everest a beim Sommet op 8.848m fonnt.

Mikroplastik gouf schonn an de Mierer nogewisen, ma elo och op quasi onerreechbare Plazen ass Mikroplastik fonnt ginn. Dovu bleift de Mount Everest och net verschount.

Wéi et heescht, goufe Polyester, Acryl, Nylon a Polypropylen am Schnéi respektiv a Quelle beim Sommet fonnt. Och ënnen am Dall konnt Mikroplastik vun de Fuerscher lescht Joer nogewise ginn.

Weider heescht et vun de Fuerscher, datt d’Partikele vun Outdoorkleedung ka kommen oder d'Partikele souguer vun extreme Wandstéiss gedroe gouf.