Engem hollännesche Journalist ass et no der Info iwwer Twitter gelongen enger geheimer Videokonferenz vun de 27 EU-Verdeedegungsministere bäizetrieden.

En hollännesche Journalist hat eng Videokonferenz vun den EU-Verdeedegungsministere gehackt an esou eng Sécherheetslück opgedeckt. Dem Journalist Daniel Verlaan no war et einfach fir un der Konferenz deelzehuelen, wéi den hollänneschen TV-Sender RTL matgedeelt huet.

Di hollännesch Verdeedegungsministerin Ank Bijleveld hat iwwert Twitter eng Foto vun hirer Participatioun un der Onlinekonferenz verëffentlecht. Engem Lieser war awer opgefall, datt op der Foto 5 vun de 6 Zifferen z'erkenne waren déi ee fir den Accès gebraucht huet. Doropshin huet dësen de Sender informéiert wouropshin de Journalist Verlaan hannert de PC gesat huet.

De Josep Borrell, EU-Baussenbeoptraagten hat de Mann iwwerrascht gefrot wien hie wier. Den Daniel Verlaan huet sech doropshin de 27 Verdeedegungsministeren erkläert an d'Sëtzung verlooss.

De Ministerpresident Mark Rutte huet sech dozou geäussert a gesot, datt Ministere mussen agesi wéi virsiichteg ee mat Twitter muss ëmgoen. D'Foto gouf schnell geläscht. D'Ministesch wollt weisen, datt si och a Quarantän weiderhin aktiv wier.