Um Samschdegmoie koum et am Tunnel Grouft zu engem Accident. D´A7 ass doropshin a Richtung Norde gespaart ginn.

Wéi den 113 mellt, krut e Camionschauffer um Samschdegmoien am Tunnel Grouft op der A7 wärend dem Fueren e Malaise. De Chauffer gouf an d´Spidol ageliwwert. D´A7 a Richtung Norden tëscht dem Waldhaff a Luerenzweiler ass weiderhi fir den Trafic gespaart.

Donieft mellt d´Police weider Tëschefäll. Emol ass engem Chauffer um Freidegowend de Führerschäin entzu gi well dësen alkoholiséiert e stationéierten Auto zu Miersch an der Route de Longwy getéitscht huet. Weiderhi kruten 2 Automobilisten de Permis wéinst Alkohol um Stéier ofgeholl, des zu Kayl an zu Esch-Uelzecht.

© Eldoradio

Weiderhi mellt den 112 um Freidegowend en Accident tëscht 2 Autoen an der Avenue Monterey an der Stad. Hei huet sech eng Persoun blesséiert.

Donieft goufen um Freidegowend 3 Bränn gemellt. An der Duerfstrooss zu Dol huet eng Maschinn gebrannt, zu Steesel an der Rue des Vergers huet en elektresche Kabel d´Feier ausgeléist an zu Ettelbréck an der Avenue J.F. Kennedy stoung Dreck a Flamen. Um Samschdegmoie krut den 112 zwee Tëschefall gemellt. Zu Bech stoungen Hecken a Flamen an zu Märel huet eng Dreckskëscht gebrannt.