Kéis aus Frankräich a Wäin aus Italien bleiwen a Russland weiderhi verbueden.

Bis Enn 2021 ass den Embargo op Liewensmëttel aus enger Réi europäescher Länner vum President Putin an der russescher Regierung verlängert ginn. Fir de Schutz vun nationalen Interessen misst den Embargo verlängert ginn, heescht et vum Putin. Den Embargo gouf am August 2014 agefouert. Dëst als Reaktioun op d´Sanktioune vum Weste géint Russland am Kader vum Ukrain-Sträit.

Den Embargo gëllt ënner anerem fir Mëllechproduiten, Fleesch, Uebst a Geméis. Sou sinn eng ganz Partie Produiten illegal an d´Land geschmuggelt ginn, esou wéi Kéis aus Frankräich oder Wäin aus Italien. Doropshin huet Russland tonneweis Liewensmëttel zerstéiert.