Zu Nürnberg sinn 2 Persounen op oppener Strooss erschoss ginn. Indicen op terroristesch Hannergrënn ginn et bis well net.

Déi däitsch Police huet um Samschdeg matgedeelt, datt zu Nürnberg e Mann an eng Fra op oppener Strooss erschoss gi sinn. Eng Spriecherin vun der Police deelt mat, datt éischt Informatiounen aus Zeienaussoen op eng Bezéiungsdot déiten.

En Zéien huet géint 10h45 d´Police alarméiert. Op der Plaz hunn d´Beamten eng Fra um Buedem an e Mann an engem Taxi fonnt. All Hëllef koum ze spéit, sou heescht et weider vun der Spriecherin op Twitter. E puer Stroossen weider ass eng verdächteg Persoun festgeholl ginn. A wéi enger Relatioun des Persoun zu den Opfere steet, ass nach net gewosst. De Verdächtege gëtt wéinst Mord ugeklot.