De Fils vum Donald Trump wier de Moment an Isolatioun a géing keng Symptomer opweisen.

Den eelste Fils vum aktuellen amerikanesche President huet an de leschte Woche virun allem mat provokativen Aussoen op sech opmierksam gemaach an sech staark fir eng zweet Amtszäit vu sengem Papp agesat.

Nodeems den Joe Biden d´Wale gewonnen huet, huet den Donald Trump Jr. op Twitter geschriwwen datt säi Papp a seng Unhänger géint Walbedruch an den totale Krich zéie sollen. An engem weideren Tweet heescht et datt 70 Millioune Republikaner rose wieren an net eng Stad a Flame stoe géing.