D´Situatioun an de Prisongen am Libanon ass ugespaant. Zu Beirut konnte 70 Persoune flüchten, 5 stierwen op der Flucht.

Wéinst der Corona-Pandemie verschäerft sech d´Situatioun an de Prisongen am Libanon. An der Haaptstad, Beirut, hunn 70 Persounen d´Beamte vum Prisong iwwerwonnen a konnte flüchten.

Sie hunn d´Dieren vun den Zellen opgebrach an eng Partie Beamten agespaart. E puer Flüchtlinge si mat engem geklauten Auto géint e Bam gerannt, sou heescht et vun der staatlecher Noriichtenagence NNA.

© bbcnews

5 Persoune si beim Accident em d´Liewe komm. D´Police konnt 15 Persounen op hirer Flucht nees festhuelen, 4 weider Persounen hunn sech fräiwëlleg der Police gestallt. Eng Spriecherin vun der Police huet matgedeelt datt et net onméiglech wier, datt d´Prisonéier Hëllef vu Beamte kritt hätte fir d´Flucht ze erméiglechen.

© ANWAR AMRO / AFP

Dausende vu Prisonéier am ganze Land hate viru kuerzem d´Parlament opgefuerdert en Amnestiegesetz ze stemmen, sou datt Prisonéier déi vum Coronavirus betraff sinn, fräigelooss ginn.

D´Prisongen am Libanon sinn iwwerfëllt. Wéi World Prison Brief matdeelt wiere ronn 10.000 Persounen inhaftéiert. Problem ass datt d´Prisonge fir ronn 3.500 Persoune gebaut gi sinn.

© ANWAR AMRO / AFP