Um Samschdeg gëtt a ganz Brasilien protestéiert. Grond ass en uergen Tëschefall mam Thema Rassismus.

Nodeems e schwaarze Mann vu Sécherheetsbeamte geschloe gouf, ass dësen u senge Blessure gestuerwen. Am ganze Land ginn elo d´Bierger op d´Strooss a protestéiere géint Rassismus.

Nodeems d´Affer minuttelaang vu Sécherheetsbeamten an engem Supermarché zu Porto Alegre um Donneschdeg geschloe gouf, huet sech ee vun den zwee wäisse Beamte mat sengem Knéi op d´Affer gesat. D´Blessuren hunn dem 40 Joer ale Mann d´Liewe kascht. Videoe vun der Dot erënneren un den George Floyd.

© SILVIO AVILA / AFP