De russesche President Putin huet der internationaler Gemeinschaft den Zougang zum russeschen Impfstoff ugebueden.

Beim G20-Treffen huet de Putin deenen anere Länner de russeschen Impfstoff ugebueden. Russland wier bereet hier 3 Präparater de Länner unzebidden.

Russland huet nach ëmmer keng international Zouloossung fir den Impfstoff. D´Wierkung vum Sputnik-V ass nach a kengem onofhängegen Laboratoire nogewise ginn.

© AFP/Mikhael Klimentyev