Iwwerdeems wëllt déi britesch Regierung am Laf vun der Woch Recommandatioune fir d'Chrëschtfeiere ginn.

De britesche Premierminister Boris Johnson wëllt de Corona-Lockdown an England net verlängeren. Wéi et e Samschdeg aus der Downing Street geheescht huet, géifen d'Restriktiounen den 2. Dezember oflafen. Deemno géif de 4 Woche laange Lockdown net verlängert ginn.

De Lockdown vun de leschte Wochen hätt "gehollef, de Virus nees ënner Kontroll ze bréngen" an den Drock op den nationale Gesondheetsdéngscht ze miniméieren, esou d'Regierung. Bis den 2. Dezember mussen a Groussbritannien all net-iwwerliewenswichteg Butteker zoubleiwen an d'Awunner dierfe just nach fir noutwenneg Saachen hir Haus verloossen.

Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, wéilt de Premier dat e Méindeg annoncéieren. Iwwerdeems wéilt hien en 3-Stufe-Plang fir Corona-Restriktiounen op regionaler Basis virstellen. En Donneschdeg wëllt d'Regierung da matdeelen, wéi eng Regioun sech a wéi enger Stuf befënnt. D'Regierung wëllt dann och Recommandatioune matdeelen, ënnert wéi enge Konditioune Chrëschtdagsfeiere kënnen oflafen.