D'Antikierper-Mëttel vu Regeneron huet eng Noutfall-Zouloossung an den USA kritt. De Stoff soll Spidol-Openthalter vu Corona-Infizéierte verhënneren.

D'US-Autoritéiten hunn e Mëttel vun der Firma Regeneron duerch eng Noutfall-Zouloossung erlaabt. D'Mëttel REN-COV2 soll dozou bäidroen, datt Corona-Infektioune manner schwéier verlafen an domat net esou vill Leit an d'Spidol mussen. Doduerch sollen d'Klinicken entlaascht ginn.

D'Mëttel war Ufank Oktober och beim den US-President Trump agesat ginn, wéi dëse wéinst senger Corona-Infektioun an der Klinik war. Kuerz drop huet Regeneron bei der FDA, der amerikanescher Medikamenteninstitution, eng Zouloossung ugefrot. D'Medikament soll bei Covid-19-Patiente mat liichte bis mëttelschwéiere Symptomer an den Asaz kommen.


De Wierkstoff vu REGN-COV2 ass eng Kombinatioun aus zwee speziell entwéckelten Antikierper. Dës banne sech un e Protein vum Coronavirus a kënnen esou deem seng Struktur veränneren. Doduerch soll verhënnert ginn, datt de Virus déi mënschlech Zellen ugräift.