E Samschdeg huet de G20-Sommet als Videokonferenz ugefaangen. Och den Trump ass dobäi - awer just déi 2 éischt Stonnen, well hien duerno Golf spille geet.

E Samschdeg huet de G20-Sommet ënner der Leedung vu Saudi-Arabien ugefaangen. Haaptthema ass de Kampf géint d'Corona-Pandemie.

Och den aktuellen US-President Trump huet un der Konferenz deelgeholl. Dat awer net laang. Am Ufank huet hien niewelaanscht getwittert. No zwou Stonnen huet hien d'Konferenz an dat Wäisst Haus ganz verlooss, fir Golf spillen ze goen.

Der Noriichtenagence DPA no hätt den Trump sech zäitweis duerch säi Finanzminister a säi Wirtschaftsberoder vertriede gelooss. Et ass scho bei anere Regierungscheffe virkomm, datt dës sech duerch hir Finanzminister vertriede loossen, zum Beispill, wa si selwer gläichzäiteg en anert wichtegt Gespréich hunn.

Dem Plang vum Wäissen Haus no soll den Trump e Sonndeg selwer nees un der Konferenz deelhuelen.

De G20-Sommet geet nach bis e Sonndeg. D'Membere vun dëse Sommete representéieren iwwer 85% vun der globaler Wirtschaftsleeschtung an zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung.