A Frankräich soll en neit Gesetz op de Wee kommen, no deem d'Verbreedung vu Biller vun Poliziste soll ënner Strof gesat ginn. Vill Leit protestéieren.

A Frankräich hunn e Samschdeg e puer Dausend Persoune géint e geplangte Sécherheetsgesetz demonstréiert. Protester goufen et ënnert anerem zu Paräis, Lille a Montpellier.

Si hu géint en neit Gesetz demonstréiert, dat e Freideg virun der Nationalversammlung presentéiert gouf. Dëst gesäit vir, datt ee ka bestrooft gi, wann ee Biller vu Sécherheetspersonal wéi Poliziste verbreet. Nächst Woch soll iwwer d'Gesetz ofgestëmmt ginn.

Och Journalisteverbänn a Biergerrechtsorganisatiounen hunn zum Protest opgeruff. Si hunn Angscht, datt dat neit Gesetz an Agrëff an d'Pressefräiheet kéint sinn.

Zënter Woche gëtt et a Frankräich massiv Kritik géint den Artikel 24 am geplangte "globale Sécherheetsgesetz", dat d'Police schütze soll. Dem Gesetz no soll d'Verëffentlechung vu Biller, déi d'Zil hunn, déi kierperlech oder emotional Integritéit vu Polizisten ze blesséieren, mat bis zu engem Joer Prisong oder enger Geldstrof vu 45.000 Euro bestrooft ginn.

Ëmstridden ass och en Artikel am Gesetz, dee virgesäit, datt Sécherheetspersonal hir Waffen och baussent dem Déngscht an enger ëffentlecher Ariichtung droen dierf. Dësen Artikel gouf iwwerholl, well bei de Paräisser Attentater am November 2015 och dräi Poliziste waren, déi net agräife konnten.

Schonn en Dënschdeg haten Awunner, dorënner och Journalisten, géint d'Gesetz protestéiert.