Well europäesch Regierungen am Summer net déi noutwenneg Infrastruktur opgebaut hätten, kéint et Ufank vum Joer zu enger 3. Well kommen, esou e WHO-Expert.

Den David Nabarro, Covid-19-Expert vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO, huet an engem Interview mat Zeitungen aus der Schwäiz virun enger drëtter Corona-Well gewarnt. Deemno hätten déi europäesch Regierungen am Summer verpasst, fir déi noutwenneg Infrastrukturen opzebauen, nodeems déi éischt Well ënner Kontroll war.

Elo wier déi zweet Well do. Wann d'Regierungen net elo géifen déi noutwenneg Infrastrukturen opbauen, misste mir Ufank vum neie Joer mat enger drëtter Infektiounswell rechnen.