E Samschdeg Owend koum et bei Stengefort zu engem Accident, bei deem e Chauffeur an e Bam gerannt ass. Hien huet aus dem Auto misse befreit ginn.

Wéi d'Police e Sonndeg matdeelt, koum et e Samschdeg Owend géint 22.40 Auer zu engem Accident um CR109 tëscht Käerch a Stengefort. En Automobilist ass deemno vu der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Duerno ass hie mam Auto an engem Feld niewendru gelant.

De Chauffeur huet vun de Rettungsdéngschter missen aus sengem Auto befreit ginn. Hie gouf an d'Spidol bruecht. Den Alkoholtest war positiv, de Chauffeur huet säi Permis missen ofginn.