E Samschdeg Owend hu Clienten aus engem Lokal sech geweigert, heem ze goen. D'Police huet missen op d'Plaz kommen a gouf ugepöbelt an ugespaut.

E Samschdeg Owend gouf d'Police géint 23 Auer an e Lokal an der rue de Bonnevoie an der Stad geruff. Deemno hätte sech Gäscht aus engem Lokal geweigert, dëst ze verloossen, obscho si schonn e puer Mol vun den Ugestallten dorop higewise goufen. Wéi si d'Lokal da géint 23 Auer schlussendlech verlooss hunn, hu si ugefaange mat randaléieren an d'Personal ze beleidegen.

D'Police koum op d'Plaz an huet probéiert, d'Leit auserneen ze halen. Si goufen op de Policebüro bruecht. Do hunn déi dräi Schëlleg weider randaléiert, d'Beamte beleidegt an op si gespaut. Well si sech net berouegt hunn, goufe si an Arrest ënnerbruecht, esou d'Police weider.