Zu Esch an zu Schëffleng waren an der Nuecht op e Sonndeg zwee Automobilisten no 23 Auer ënnerwee. En plus ware béid Chauffeuren alkoholiséiert.

Wéi d'Police matdeelt, hunn zwee Automobilisten e Samschdeg Owend e Protokoll kritt, well si d'Ausgangsspär net respektéiert hunn.

Géint 23.30 Auer ass der Police zu Schëffleng en Automobilist opgefall, deen e puer Mol opfälleg op der Géigespuer gefuer ass. Bei der Kontroll ass den Alkoholtest positiv ausgefall. De Chauffeur huet säi Permis missen ofginn an huet och e Protokoll kritt, well hien no 23 Auer ënnerwee war an domat d'Ausgangsspär net respektéiert huet.

En änleche Fall gouf et och zu Esch-Uelzecht. Géint Mëtternuecht huet d'Police e Chauffeur gestoppt a kontrolléiert. Och hie war alkoholiséiert, huet säi Permis awer net missen ofginn.

Iwwerdeems mellt d'Police, datt zwee weider Chauffeuren e Samschdeg Owend hire Permis hu missen ofginn, dat wéinst Alkohol um Steier. Ee Chauffeur war op der A13 ënnerwee, en aneren op der A1 op der Héicht vu Fluessweiler.