Bei sengem Plang d'Resultater vun de Presidentiellen an den USA unzefechten, ginn dem Donald Trump esou lues d'Optiounen aus.

Den aktuellen amerikanesche President Donald Trump kämpft mat alle Mëttele weider géint seng Néierlag bei den amerikanesche Presidentiellen. Esou hat säin Affekot de Rudy Giuliani zum Beispill am Bundesstaat Pennsylvania eng Klo agereecht, där hiert Zil et ass Millioune Stëmmen, déi per Bréif agereecht goufe fir ongëlteg ze erklären. Ma dës Klo gouf e Sonndeg vum zoustännege Geriicht ofgewisen. Den zoustännege Riichter huet dëst domat begrënnt, dass dem Donald Trump seng Affekoten nëmme forcéiert rechtlech Argumenter ouni weidere rechtleche Wäert a spekulativ Behaaptunge gemaach hätten. Konkret Beweiser fir eng Manipulatioun vun der Bréifwal, hätten si awer net virgeluecht.

An der Klo hat et geheescht, dass den Ausgang vun der Wal a Pennsylvania net dierft unerkannt gi, well eng Partie Wieler Feeler an den Dokumenter vun hirer Bréifwal hätte verbesseren dierfen. Den zoustännege Riichter huet iwwert dëst Argument gesot, dass et ewéi dem Frankenstein säi Monster zesummegefléckt gi wier. Weiderhin, huet hie gemengt, dass d'Beweiser an d'Argumenter déi dem Trump seng Ekipp virgeluecht hätte mol net duer gaange wieren, fir och nëmmen eng eenzeg Stëmm fir ongëlteg ze erklären. De Rudy Giuliani huet iwwerdeems schonn ugekënnegt géint d'Urteel a Beruffung ze goen a virun dat iewescht amerikanescht Geriicht, de "Supreme Court" ze zéien. Allerdéngs bleift him dofir net méi vill Zäit. De 14. Dezember sollen d'Walmänner vun den eenzele Bundesstaaten am "Electoral College" decidéiere wien den nächste President vun den USA gëtt.

Iwwerdeems sollen d'Stëmmen am Bundesstaat Georgia eng zweete Kéier nei ausgezielt ginn. Déi entspriechend Demande fir dës Auszielung war e Samschdeg, ënnerhalb vum virgesinnen Delai, bei den zoustännegen Autoritéiten agaangen. Dat huet dem Trump seng Walkampf-Ekipp matgedeelt. Vum Donald Tump sengen Affekoten huet et geheescht, dass ee wéilt sécher goen, dass all gülteg Stëmm gezielt géif ginn. Am Georgia dierf e Kandidat eng Neiauszielung ufroen, wann de Virsprong vum Gewënner manner ewéi 0,5 Prozent vun de Stëmmen ausmécht. Aktuell läit dem Joe Biden säi Virsprong géigeniwwer dem Donald Trump am Georgia bei 12.670 Stëmmen oder 0,25 Prozent. Dëst no enger zweeter Auszielung, déi per Hand gemaach gouf. No enger éischter, maschineller, Auszielung louch de Biden nach 14.000 Stëmme virum Trump. Déi insgesamt drëtt Auszielung soll elo mat spezielle Scannere gemaach ginn.

Wéi et vun Insider heescht, géif dem Trump seng Strategie den Ament dora bestoen Zweiwel un der Rechtméissegkeet vum Walresultat ze streeën an dëst da mat der Hëllef vun de Parlamenter vun deene Bundesstaaten an deenen d'Republikaner d'Majoritéit hunn ze kippen. Ma am Bundesstaat Michigan ass dëse Plang scho gescheitert. No engem Treffen am wäissen Haus, hunn déi Virsëtzend vun der republikanescher Partei am Senat an am Representantenhaus vu Michigan sech dogéint ausgeschwat d'Walresultat mat juristeschen Tricken ze ëmgoen. Si wéilten sech bei der Ernennung vun de Walmänner un dat aktuellt Gesetz halen. Dëst gesäit fir, dass de Kandidat mat de meeschte Stëmmen an engem Staat alleguerten d'Walmänner vun deem Staat zougeschwat kritt. De Joe Biden hat d'Wal am Michigan mat engem däitleche Virsprong gewonnen.