Aktuell ginn déi 4 Näerz-Zuuchten, déi et an eisem Nopeschland ginn op de Coronavirus ënnersicht.

A Frankräich gouf de Coronavirus an enger Näerz-Zuucht am Departement Eure-et Loir nogewisen. Dat hunn de franséische Landwirtschaftsminister, Julien Denormandie an de franséische Gesondheetsminister Olivier Véran e Sonndeg matgedeelt. An engem Communiqué hätte béid Ministeren der franséischer Noriichtenagence AFP no, d'Uerder ginn, déi 1000 nach lieweg Näerzen aus der betraffener Zuucht ze schluechten an d'Produiten déi aus de scho geschluechten Déiere gemaach goufen ze vernichten.

Weider géing et am Communiqué heeschen, dass déi 4 Näerz-Zuuchten déi et a Frankräich ginn, den Ament op de Coronavirus géifen ënnersicht ginn. Aktuell wier gewosst, dass de Virus an enger Zuucht nogewise gouf an eng zweet Zuucht den Ament net vum Virus befall wier. Op d'Resultat vun den Tester aus deenen 2 anere Betriber géing een den Ament nach waarden.