Nieft der Lutte géint de Coronavirus, waren d'Wirtschaft an de Klimawandel déi zentral Theme vum G20-Sommet.

D'Memberlänner vun de G20 wëlle mat alle Mëttelen dofir suergen, dass d'Impfunge géint de Coronavirus global gerecht géife verdeelt ginn. An engem Entworf vun der Ofschlosserklärung vum aktuelle G20-Sommet, deen der däitscher Presseagence dpa virläit, soll et heeschen, dass d'G20-Staaten alles maache wéilten, fir dass den Impfstoff géint de COVID-19 op der ganzer Welt zougänglech an abordabel wier.

Déi gerecht Verdeelung vum Impfstoff wier de G20-Staate no de Schlëssel fir eng Erhuelung vun der globaler Wirtschaft. Dës war dann och een Thema um Sommet vun den 20 wichtegsten Industrienatiounen. Am Entworf vun der Ofschlosserklärung soll et dowéinst heeschen, dass een all disponibelt politescht Instrument notze wéilt fir d'Liewen, d'Aarbecht an d'Gesondheet vun de Mënschen ze schützen. D'Zil wier et de globale wirtschaftlechen Opschwong ze fërderen an d'Widderstandsfäegkeet vum globale Finanzsystem ze stäerken.

Weiderhin, wéilt een och d'Plattform "ACT Accelerator", déi sech mat hirer "Covax-Initiativ" fir eng gerecht global Verdeelung vum Impfstoff géint de COVID-19 asetze géif ënnerstëtzen. Bis Enn des Joers wéilt een der Plattform déi 6 Milliarden $, déi dëser nach feele fir operationell ze ginn, zur Verfügung stellen.

Schliisslech gouf och déi wichteg Roll vun der Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, bei der Bekämpfung vum Virus ënnerstrach. Ënnert dem Donald Trump waren d'USA jo virun e puer Méint aus der WHO ausgetrueden. Dat well d'Weltgesondheetsorganisatioun dem US-President no net genuch géint de Coronavirus gemaach a China ze vill a Schutz geholl hätt.

E weideren Dossier vum G20-Sommet war dann de Klimawandel. Am virleefegen Entworf vun der Ofschlosserklärung soll et heeschen, dass dësen eng vun de wichtegsten Erausfuerderunge vun eiser Zäit wier. Hei hunn sech d'Ënnerzeechner vum Paräisser Klimaaccord op en Neits dofir ausgeschwat d'Mesuren, déi dëse virgesäit ëmzesetzen. D'USA haten dësen Accord jo och ënnert dem Donald Trump verlooss. Dowéinst feelen den Ament och 100 Milliarden $ am gréngen "Klimafong", déi d'USA dësem eigentlech zougesot hätten. Dem Donald Trump säin designéierten Nofollger Joe Biden hat jo schonn ugekënnegt dass d'USA dem Klimaaccord um éischten Dag vu senger Presidentschaft nees bäitriede géifen.

Wéi et vun Insider heescht, wéilt den Donald Trump d'Ofschlosserklärung vum Sommet wuel trotz Allem mat ënnerzeechnen. Dëst nodeems hien eng Videokonferenz, déi am Kader vum Sommet organiséiert gouf, e Samschdeg no 2 Stonne verlooss hat, fir Golf spillen ze goen.