An Däitschland kéint de partielle Lockdown wéinst den nach ëmmer héije Coronazuele bis op d'mannst den 20. Dezember verlängert ginn.

Zënter Ufank November gëllt an Däitschland ee partielle Lockdown. Dee kéint elo verlängert ginn, an zwar bis op d’mannst den 20. Dezember. Dat proposéiere verschidde Bundeslänner, wéinst den Infektiounszuelen déi weiderhin héich sinn.

Domat géife Kultur-Ariichtungen, Restauranten a Sport-Zenteren weiderhin zou bleiwen. Ausserdeem gesinn d‘Propose weider Kontaktbeschränkungë vir.

E Mëttwoch gesinn sech d’Ministerpresidente vun de Bundeslänner zesumme mat der Bundeskanzlerin Merkel, fir doriwwer ze beroden.