De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn e Méindeg de Mëtteg nei Mesurë géint d'Corona-Pandemie virgestallt. 

Nodeems d'lescht Woch gesot gouf, dass ee géif kucken, wéi d'Situatioun ronderëm de Coronavirus zu Lëtzebuerg evoluéiert, goufen elo nei Decisioune geholl. D'Lescht Woch haten de Premier an d'Gesondheetsministesch gesot, dass wann d'Infektiounszuele bis Enn der Woch bei iwwer 500 bleiwen, dass et wuel zu engem partielle Lockdown kënnt. An de leschten Deeg ass déi Zuel och iwwer 500 gewiescht.

Wéi et vum Premier Xavier Bettel heescht gouf d’Chamber gefrot fir de COVID-19-Gesetzestext nach dës Woch ze stëmmen. Deemno ass de Vott e Mëttwoch an der Plenière. De Gesetzestext ass dann en Donneschdeg rechtskräfteg.

Donieft huet de Premier ënnerstrach dass d’Situatioun stabil ass mee de Niveau vun den Infektiounszuelen ass am Moment nach ze héich.

Wichteg ass et och e Sputt an de Spideeler ze loosse well een sech net erlabe kann dass keng Plaze méi sinn zemools wat d’Intensivbetter ugeet. Dem Xavier Bettel no wier am Moment eng méi grouss Unzuel u Leit an de Spideeler. Et goufen och méi Leit intubéiert wéi déi Woche virdrun.

De Premierminister wollt awer och ënnersträichen dass et de Leit bewosst ginn ass dass een d’Gestes Barrières respektéiert musse gi soss wier d’Situatioun nämlech nach méi exponentiell ginn. Et gouf also keng Explosioun vun den Infektiounszuele registréiert. Et gouf och erkläert dass liicht Baissen enregistréiert goufe mee dës ginn net duer. D’Haaptzil ass et de komplette Lockdown, deen och méi wéi 3 Woche géif daueren, ze vermeiden.

D’Gesondheetsministesch huet matgedeelt dass et nach ëmmer iwwer 500 Neiinfektioune pro Dag ginn an de Positivitéitstaux ass bei méi wéi 5%. D’Situatioun hätt sech also agependelt mee awer op engem ze héije Niveau. Och an de Kläranlagen ass de Virus nach ganz staark verbreet.

Iwwer 15% vun den Infizéierten hu méi wéi 65 Joer. An de Spideeler ass een och elo an der Phase 4. Verschidde Soine mussen deemno zeréckgesat ginn, esou d’Paulette Lenert. Am Moment sinn 181 Persounen hospitaliséiert, dovunner 45 op der Intensivstatioun.

D’Gesondheetsministesch rifft d’Leit dozou op e Minimum u Kontakter ze hunn well all Kontakt eng Gefor mat sech bréngt. Et ass och dacks net kloer wou d’Leit sech ustiechen. Donieft gouf ënnerstrach dass Impfstoffer a Schnelltester bestallt goufen.

Nei Corona-Moossnamen déi decidéiert goufen

D'Regierung huet also eng Rei Amendementer festgeluecht. Dës Mesuren dauere bis de 15. Dezember. Caféen a Restaurante mussen zoumaachen. Take-Away soll awer nach ëmmer méiglech sinn. De Premierminister huet awer ënnerstrach dass d’Restaurante keen Hotspot si mee et sinn déi Plaze wou d’Interaktioun tëscht de Leit grouss ass.

Am Beräich Kultur sinn d'Eventer an zouene Raim viru Public net méi méiglech. Kinoen a Theatere mussen also zoumaachen. Wat de Sport ugeet kann dëse just nach zu 4 dobausse gemaach ginn. Sport an zouene Raim wéi zum Beispill Schwemmen, Fitness-Zenteren oder Sportshalen ass verbueden. D'Ausnam ass hei just de "Sport d'Elite".

Wat d'Privatsphär ugeet dierf ee just nach zwou Persounen doheem empfänken. Dës mussen aus dem selwechte Stot sinn. D’Kontakter sollen deemno gedrosselt ginn. Donieft gëtt d'Ausgangsspär vun 23h00 bis 6h00 bis de 15. Dezember verlängert.

Och an de Schoulkantinne gëtt d’Zuel vun de Schüler reduzéiert.

Hei kënnt dir d'Pressekonferenz nach eemol ganz kucken: