Wéi et vum brittesche Laboratoire AstraZeneca heescht gouf e weideren Impfstoff géint de COVID-19 entwéckelt.

De brittesche Laboratoire AstraZeneca an d’Universitéit vun Oxford hunn en Impfstoff géint de Coronavirus entwéckelt deen zu 70% an der Moyenne effikass ass. A verschidde Fäll ass dësen och zu 90% wierksam. Dat geet aus Tëscheresultater vu klineschen Etüden ervir. Dat huet de Laboratoire e Méindeg matgedeelt. Dësen Impfstoff ass méi bëlleg a méi einfach fir ze stockéieren. Dëse kann a Frigoe gelagert ginn. Et kéinten deemno 3 Milliarden Dosisse produzéiert ginn.