Dat geet aus engem Rapport vun der Europäescher Ëmweltagence ervir.

Zënter 10 Joer sinn an Europa honnertdausende Mënschen duerch Loftverschmotzung virzäiteg gestuerwen. Dat geet aus engem Rapport vun der Europäescher Ëmweltagence ervir. Ozon, Stéckstoffdioxid an aner schiedlech Partikele stellen e grousse Gesondheetsprobleem fir d’Europäer duer. Eng gutt Noriicht wier awer dass d’Loftqualitéit sech verbessert hätt. Dat wier op technologesch Verbesserungen zeréckzeféieren.