Nodeems eng Persoun zu Gilsdref beklaut a blesséiert gouf, goufe 4 presuméiert Täter festgeholl.

E Sonndeg am Nomëtteg koum et an der Rue Principale zu Gilsdref zu engem gewalttätegen Déifstall. D’Täter hunn eng Jackett an en Handy geklaut. D’Affer gouf dobäi blesséiert a gouf an d’Spidol bruecht. Deemno konnte 4 verdächteg Persoune vun der Police ermëttelt ginn. Op Uerder vum Parquet vun Dikrech goufen dës festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.